Weinandt en interview
Paul Weinandt Beckerich Hedgehogs

Weinandt en interview

Weinandt, joueur depuis cinq saisons au sein des Hedgehogs, a profité de la trêve due au fêtes de fin d'année pour se livrer lors d'un interview au site officiel du club.



- Paul, du hues elo 5 Saisone bei den Hedgehogs hannert dir. Wéi géings du deng Erfahrung beschreiwen?



Fir d'éischt wëll ech den Hedgehogs Merci soe fir déi super 5 Joer déi ech dobäi sinn, ech hu mech ëmmer akzeptéiert gefillt an ni fehl um Plaz. Ech hu vill Spiller a Leit gesi kommen a goen a jiddereen huet mer konnten op déi eng oder aner Manéier eppes bäibréngen, sief et sportlech oder mënschlech. Ech fannen et einfach gutt an engem Team ze si wou een deen anere respektéiert, wou een sech net fir e Spaass ze schued ass an zesumme laache kann, a wou een ëmmer op deen aneren ziele kann.



- Baseball gëllt jo als schwiereg Sportaart, vun der physescher wéi vun der mentaler Säit gesinn. Mierks du eng perséinlech Evolutioun?



Ganz am Ufank war ech deelweis e bëssen iwwerfuerdert wat d'Regelen ubelaangt huet, et gëtt esou vill op dat een oppasse muss an et léiert een ëmmer erëm nei Saache bäi an ech mierken en däitlechen Ënnerscheed zu der Persoun déi ech deemools war. Virun 3 Joer hunn ech den Umpire Cours gemaach, wat mer och vill beim spillen an zwëschemënschleche weidergehollef huet. Virun engem Joer hunn ech och mam pitchen ugefaang, wat fir mech eng mental enorm fuerderend Positioun ass. Se mëscht mer awer och ganz vill Spaass an ech huelen d'Erausfuerderung gär un.



- Du bass jo e Minetter, an den aktuelle Champion vun Diddeleng wier eng vill méi kamout Destinatioun fir trainéieren ze goen ewéi Biekerech oder Dikkrech. Wisou schléit däin Häerz awer fir d'Kéiseker aus dem Westen?



Wéi ech viru 5 Joer wollt ufänken hunn ech mir ugekuckt wéi d'Baseballlandschaft hei am Land ausgesäit. Deemools gouf et 3 Clibb: Biekerech, Schieren an Diddeleng. Ech hu meng Décisioun getraff fir op Biekerech ze goen, well ech mer geduet hunn: "Wann een eppes neies wëll léieren, geet een gäre bei dee beschten.", a vu dass Biekerech do grad nees lëtzebuerger Meeschter an och an der däitscher Liga Meeschter ginn ass. war dat dann déi logësch Décisioun. En plus war et déi eenzeg Equipe mat engem richtege Baseballterrain. D'Leit ware mer vun Ufank u sympathesch an ech sinn och ganz gutt opgeholl ginn an dorun huet sech bis haut näischt geännert. Vu dass ech och kee Mënsch sinn dee seng Frënn a Co-Equipieren am Stach léisst, wëll ech a wäert ech och net wiesselen.



- Wat sinn déi nächsten Hürden déi s du wëlls iwwersprangen?



Et gëtt verschidde Beräicher an deenen ech mech nach verbessere wëll: Ech wëll besser Décisioune beim batting huelen, meng Mechanics beim pitching verbesseren, an ech wëll meng Schnellegkeet beim Baserunning erhéijen. Ech wëll déi jonk an nei Spiller gutt encadréiere kënnen, hinnen Tipps ginn an hier Froe beäntweren.